Ekliptik: Ënnerscheed tëscht de Versiounen
k r2.7.3) (Bot: Derbäi setzen: ms:Ekliptik |
k Bot: Derbäi setzen: mzn:دایرةالبروج |
||
Linn 117: | Linn 117: | ||
[[hu:Ekliptika]] |
[[hu:Ekliptika]] |
||
[[ml:ക്രാന്തിവൃത്തം]] |
[[ml:ക്രാന്തിവൃത്തം]] |
||
[[mzn:دایرةالبروج]] |
|||
[[ms:Ekliptik]] |
[[ms:Ekliptik]] |
||
[[nl:Ecliptica (astronomie)]] |
[[nl:Ecliptica (astronomie)]] |
Versioun vum 07:37, 7. Dez. 2012
D'Ekliptik ass d'Projektioun vun der schäinbarer Sonnebunn am Verlaf vun engem Joer op d'Himmelskugel. D'Ekliptik ass e Grousskrees um Himmel, dat heescht si definéiert en Niveau, an där de Mëttelpunkt vun der Äerd wéi och de Mëttelpunkt vun der Sonn läit. Dëse Niveau ass domat de Bunnniveau vun der Äerd ëm d'Sonn a gëtt och Ekliptikniveau genannt.
„Sonn“ an „Äerd“ bezéien sech heibäi op déi |mëttlere Kierper vun der Himmelsmechanik, net op déi tatsächlech Himmelskierper.
Ekliptikschréiegt
D'Rotatiounsachs vun der Äerd steet net senkrecht op dësem Niveau, sondern mécht mat hir e Wénkel vu ronn 66,56 Grad. Doduerch schléisst den Ekliptikalniveau mat dem Niveau vum Äerd- bzw. Himmelsequator zur Zät e Wénkel vun 23,44° un, déi Ekliptikschréiegt oder och Äerdschréiegt genannt gëtt. D'Schréiegt vun der Ekliptik ass eng vun deenen zeng wichtegsten Basisgréisste fir Definitioun vu Koordinatesystemer a vu Berechnungen an der Astronomie an an der Geodesie. Si gëtt meeschtens mat ε bezeechent.
Well d'Äerd vun der Kugelgestalt ofwäicht, bewierken d'Gezäitenkräfte vu Mound a Sonn en Dréihmoment, deen d'Äerdachs opzeriichte versicht. Doduerch beschreift d'Äerdachs wéi en Dapp eng Prezessioun op engem Kegelmantel mat Ëffnungswénkel 2ε. Den "Äerdkreesel" ass awer wéinst der grousser Äerdmass vu knapps 6•1024 kg (6 Mio.Mrd.Mrd. Kilogramm) sou stabil, datt d'Äerdachs fir een Ëmlaf 25.780 Joer brauch, also e Platonescht Joer.
Awer och de Wénkel vun der Ekliptikschréiegt ännert sech laangperiodesch duerch Gravitatiounsaflëss vu Kierper am Sonnesystem openeen. Dofir variéiert ε wärend 40.000 Joren tëschent 21°55' an 24°18'. Dësen Effekt dréit – niewent zwou anere Periode vu bal derselwechter Längt - zum Entstoe vun Äiszäite bäi:
Tabell vun der Ekliptikschréiegt
|
|
Et gesäit ee schonns aus dëse 6 vun 40 Jordausenden, datt sech d'Ännerung all 500 Joer ëm -2,9' bis -3,9' vergréissert, well déi offalend Sinuswell nach bis an dat 5. Jordausend méi géi gëtt (Mëttelwert ε = 23°06' ëm d'Joer 4300).
Ekliptikpol
Well d'Äerd vun enger Kugelform ofwäicht, bewierken d'Gezäitekräfte vum Äerdmound a Sonn en Dréimoment, dat déi schréistoend Äerdachs opzeriichten versicht. D'Äerdachs, déi op d'Himmelspole weist, beschreift doduerch wéi e schieflafende Kannerkreesel eng Prezessioun op engem Kegelmantel mat Ëffnungswénkel 2ε ëm d'Ekliptikpolen erëm. Dës Ekliptikpole sinn op preziesen Stärekaarten agezeechent; de nërdlechen Ekliptikpol steet am Stärebild Draco (Draach), definitiounsgeméiss op Rektaszensioun 18 h (mat enger Deklinatioun vu 90° minus ε, am Ament ronn 66° 34'), de südlechen Ekliptikpol steet am Stärebild Dorado (Schwäertfësch) op 6 h.
Den „Äerdkreesel“ ass wéinst der grousser Äerdmass vu knapp 6•1024 kg (6 Mio. Mrd. Mrd. Kilogramm) ziemlech lues, an d'Äerdachs braucht fir en Ëmlaf ongeféier 25.700–25.800 Joer (e Platonescht Joer). Den haitege sougenannte Polarstär hëllt seng Roll also nëmme kuerzfristeg an.
|
Literatur
- Andreas Guthmann: Einführung in die Himmelsmechanik und Ephemeridenrechnung. BI-Wiss.-Verl., Mannheim 1994, ISBN 3-411-17051-4*