Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Kontakt

Vu Wikipedia
Versioun vum 12:01, 19. Jul. 2006 vum Briséis (Diskussioun | Kontributiounen) (nei).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)

Dës Säit erkläert Iech, wéi Dir d'Wikipedia an d'Mënschen déi hei schaffe kontaktéiere kënnt. Well de Projet immens oppen ass, gëtt et meeschtens kee fixen Uspriechpartner. Hannert all dëse Méiglechkeete stinn ausschlisslech fräiwëlleg Mataarbechter.

Rondrëm d'Artikelen

Vill Froë goufe scho gestallt an an der FAQ beäntwert.

Froen op der Wikipedia selwer
  • Déi meeschte Wikipedianer luussen e puer mol am Dag an de Stamminet wou mer iwwert allgemeng Saachen zu der Wikipedia poteren, a Konflikter zesumme probéieren ze léisen.
  • Bei spezifesche Froë kann een se och op eiser Froësäit stellen, wou déi aner Wikipedianer engem hëllefe kënnen.
  • Wann et mat der Sprooch happert, an engem dat eent oder anert Wuert op der Zong läit, ass eise klengen Dictionnaire eng Hëllef.
Ufroen un de Bedreiwer

Wikipedia gëtt vun der Wikimedia Foundation bedriwwen, déi hire Sëtz a Florida, USA huet. Si kann ënnert folgender Adress erreecht ginn:

   Wikimedia Foundation Inc.
   200 2nd Ave. South #358
   St. Petersburg, FL 33701-4313
   United States of America
   Telefon: +1-727-231-0101
   E-Mail: [email protected]  
Press

Journalisten, déi sech fir Wikipedia interesséieren, sollen sech un d'Bürokrate vun der Lëtzebuerger Wikipedia wennen. Dëst sinn de Cornischong an d'Briséis. Weider Administratore kënnen Iech awer och weiderhëllefen.

Eenzel Auteuren uschwetzen

All Benotzer deen ugemellt ass, huet op der Wikipedia eng Diskussiounssäit, wou een him Noriichten hannerloosse kann. Wann de Benotzer eng E-Mail-Adress uginn huet, kann een him selbstverständlech och eng E-Mail schécken.

Technesch Problemer

Wéi ee Feeler an der Software melle kann, gëtt op MediaZilla erkläert. Et lount sech natierlech, virdrun bei den anere Wikipedianer nozefroen, op e Problem bekannt ass an op villäicht den een oder aneren dee selwechte Problem bei sech doheem huet. Schwéier technesch Problemer kënnen op englesch och ënnert [email protected] gemellt ginn. Support-Ufroë ginn hei allerdéngs net beäntwert.