Op den Inhalt sprangen

Ballast (Eisebunn)

Vu Wikipedia
Versioun vum 10:48, 18. Jan. 2022 vum Melouresbot (Diskussioun | Kontributiounen) (→‎top: ortho, replaced: [[File: → [[Fichier: using AWB).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)
Bëtongs Monoblocschwellen am Ballast

De Ballast op der Eisebunn ass geduecht fir d'Schwellen ze droen an ze stabiliséieren a sou d'Gleis korrekt ze droen.

De Ballast besteet normalerweis aus engem Granulat vu gebrachenem Fielsgestengs dat gesënnert ass an Déckte vu 4 bis 10 Zentimeter huet. Et ass wichteg datt d'Proportioune vun de verschiddenen Déckten ëmmer déi selwecht sinn, fir datt se sech am beschte verdeelen a kompaktéieren. Gebrache Steng mat schaarfe Kante ginn déi bescht Resultater. D'Héicht vum Ballast déi tëscht 10 a 35 cm variéiere kann, hänkt gréisstendeels vun den Eegenschafte vun der Eisebunnsstreck of. E muss eng gutt Stabilitéit mat enger gewësser Elastizitéit kombinéieren. Doriwwer eraus hëlleft en d'Gleisbett ze drainéieren.