Op den Inhalt sprangen

Henry Liddell

Vu Wikipedia
D'Versioun fir erauszedrécke gëtt net méi ënnerstëtzt a ka Feeler an der Duerstellung hunn. Aktualiséiert wgl. d'Lieszeechen an Ärem Browser a benotzt d'Standard Funktioun fir ze drécken an Ärem Browser.
Henry Liddell
Gebuer 6. Februar 1811
Gestuerwen 18. Januar 1898
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Christ Church College,
Charterhouse School
Aktivitéit Lexikograph, Linguist, Universitéitsprofesser

Den Henry Liddell, gebuer de 6. Februar 1811, a gestuerwen den 18. Februar 1898 war Vizekanzler vun der Oxford Universitéit, Dekan vun der Christ Church vun Oxford.

Vun 1846 bis 1855 huet en an der Westminster School Schoul gehalen. Mam Robert Scott ass hie Matediteur vum groussen A Greek-English Lexicon.

Säi Meedchen Alice war d'Virbild, dat de Charles Lutwidge Dodgson hat, fir ënner dem Pseudonym Lewis Carroll säin Alice's Adventures in Wonderland ze schreiwen, dat 1865 erauskoum. D'Fortsetzung war Through the Looking-Glass, and What Alice Found There.

Um Spaweck

Commons: Henry George Liddell – Biller, Videoen oder Audiodateien