Op den Inhalt sprangen

(1) Ceres

Vu Wikipedia
(1) Ceres
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,6467 A.E.
Exzentrizitéit 0,0796
Sideresch Ëmlafzäit 4,602 Joer
Mëttel Bunnvitess 17,909 km/s
Inklinatioun 10,59 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 975 km
Mass 9,35 kg
Mëttel Dicht 2,077 g/cm3
Rotatiounsperiod 9 h 44 min 0 s
Albedo 0,09
Absolut Hellegkeet 6,7M
Spektralklass C
Entdeckung
Entdecker Giuseppe Piazzi
Entdeckungsdatum 1. Januar1801
Aner Bezeechnungen 1943 XB = A899 OF


Dem Piazzi säi Buch „Della scoperta del nuovo pianeta Cerere Ferdinandea“ (1802)

Den Asteroid Ceres oder an der Nomenklatur fir Asteroiden, (1) Ceres ass en Zwergplanéit a mat engem Equatorduerchmiesser vun 975 km de gréissten Objet an der Haaptasteroidenceinture. Den Ceres gouf den 1. Januar 1801 vum Giuseppe Piazzi als éischte Klengplanéit entdeckt, a gouf laang als Asteroid gefouert. Zanter 2006 gehéiert de Ceres zu der Grupp vun den Zwergplanéiten. Hien ass no der réimescher Baueregëttin Ceres benannt. D'astronomescht Symbol ass eng stiliséiert Séchel: ⚳[1].

Schonn de Johannes Kepler huet gemengt, datt tëscht den Ëmlafbunne vu Mars a Jupiter nach ee Planéit wier. D'Entdeckung vun der Titius-Bode-Rei ëm 1770 huet déi Theorie verstäerkt. Astronome ronderëm d'Welt hu vun 1800 un no dësem Planéit gesicht. Nodeem den Entdecker Piazzi den neien Himmelskierper wéinst enger Krankheet aus den Ae verluer hat, ass et dem Carl Friedrich Gauß mat Hëllef vun enger neientwéckelter Method fir d'Bunnbestëmmung, gelongen, eng nei Positioun vum Zwergplanéit ze bestëmmen. Sou konnt de Ceres de 7. Dezember 1801 vum Zach zeréckfonnt ginn[2]. Wéi sech erausgestallt huet, beweegt sech de Ceres tatsächlech tëscht Mars a Jupiter, genee an deem vum Titius-Bode-Rei virausgesotem Ofstand, ëm d'Sonn. Den Ceres gouf dofir, wéi dee 1781 entdeckten Uranus, fir ee Planéit gehalen, woumat sech d'Zuel vun de Planéiten am Sonnesysteem op aacht vergréissert hat. Eréischt wéi d'Zuel vun den Himmelskierper tëscht Mars a Jupiter ëm 1850 geklommen ass, huet sech fir déi Objeten d'Bezeechnung „Klengplanéiten“, „Planetoiden“ oder „Asteroiden“ duerchgesat. Domat huet och de Ceres säi Status als Planéit verluer. Eng Neifassung vum Planéitebegrëff duerch d'IAU, déi op Grond vu weideren Himmelskierperentdeckungen an der Gréissteklass vum Pluto néideg waren, gouf de Ceres, zesumme mam Pluto, Eris, Makemake an Haumea elo als Zwergplanéit klassifizéiert[3].[4]. Am Joer 1803, also zwee Joer no der Entdeckung vum Ceres, gouf dat cheemescht Element Cer entdeckt an no dësem Asteroid benannt.

D'Bunn vum Ceres (giel) am Verglach zu der Bunn vum Mars (rout), d'Gréisste sinn net moossstafsgerecht.

Den Ceres beweegt sech op enger Ellips an der Mëtt vun der Haaptasteroidenceinture an engem mëttlerem Ofstand vun 2,77 AE, a 1682 Deeg ëm d'Sonn. D'Periheldistanz ass 2,54 AE, d'Apheldistanz huet 2,99 AE. D'Ëmlafbunn läit 10,6° schréi zu der Ekliptik, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,080.

D'synodesch Period vum Ceres läit bei 467 Deeg. Bei der Oppositioun ass si tëscht 1,59 AE an 2,00 AE vun der Äerd ewech an erreecht eng visuell Magnitude vu bis zu 6,7 mag. Den Ceres kann dofir scho mat engem klengen Teleskop fonnt ginn.

Gréisst a Mass

[änneren | Quelltext änneren]

Den Ceres ass dee gréissten a masseräichste Kierper vun der Haaptasteroidenceinture am bannenzege Sonnesysteem. Fir d'Mass gëtt e Wäert vun 9,35 × 1020 kg, dat entsprécht dem 6390-ten Deel vun der Äerdmass, uginn. Den Ceres huet domat ongeféier déi 2,8-fach Mass vum schwéiersten Asteroid, (2) Pallas, dat mécht ronn 30 % vun der totaler Mass vun der Haaptasteroidenceinture aus.

Observatioune mat dem Weltraumteleskop Hubble hu gewisen, datt de Ceres ee liicht ofgeplatte Rotatiounsellipsoid ass, mat engem Equatorduerchmiesser vun 975 (±3) km an engem Polarduerchmiesser vun 909 (±3) km[5]. D'Rotatiounsperiod dauert 9,075 Stonnen, déi mëttelst Dicht gëtt mat 2,077 ± 0,036 g/cm3 uginn.

Den Ceres huet eng donkel kuelestoffräich Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,09. Speziell oder isoléiert Uewerflächenännnerunge goufen eréischt am Joer 2001 no Observatioune mam Hubble Space Telescope festgestallt: Et weist sech en donkele Fleck mat engem Duerchmiesser vu ronn 250 km, deen zu Éiere vu sengem Ceres-Entdecker „Piazzi“ genannt gouf[6]. Weider Observatioune mam Hubble an de Joren 2003 an 2004 hunn et erméiglecht eng Kaart ze maachen, déi nieft dem „Piazzi“ an engem opfällegen, helle Fleck mat ronn 400 km Duerchmiesser vill kleng Eenzelheete weist, deenen hiren Urspronk nach net bekannt ass[7].

Zesummesetzung

[änneren | Quelltext änneren]

D'Miessunge vum Weltraumteleskop Hubble loossen och Réckschlëss op d'Zesummesetzung vum Ceres zou: Et geet een dovun aus, datt et sech ëm en differenzéierten Zwergplanéit mat engem stengege Kär souwéi engem Mantel an enger Kuuscht aus liichte Mineralien a Waasseräis handelt. D'Differenzéierung geet méiglecherweis op déi beim radioaktiven Zerfall vum Aluminium-Isotop 26Al fräigesaten Hëtzt zeréck, wouduerch sech schonn an der Fréizäit vum Sonnesysteem ee Mantel aus flëssegem Waasser gebilt huet. Déi baussenzeg 10 Kilometer sinn net geschmolt, mä hunn eng fest Kuuscht aus Äis gemaach, wärend sech schwéier Material (Silikate, Metaller) am Kär sammelten. Zesummen däerft de Ceres zu 17 bis 27 Gewiichtsprozent aus Waasser bestoen[8]. D'Séisswaasserquantitéit um Ceres gëtt op ongeféier dat 5facht vu Séisswaasserreserven déi op eiser Äerd sinn, geschat.

An dëser Tabell ass d'Observatiounsméiglechkeet vum Ceres bis an d'Joer 2017 uginn. Déi visuell Magnituden an d'Distanz zu eiser Äerd bezéie sech dobäi op den Zäitpunkt vun der Oppositioun, wann den Zwergplanéit der Äerd am noosten ass an domat och am hellste Liicht.

Oppositioun Stationär, da rechtleefeg Konjunktioun zu der Sonn Stationär, da réckleefeg
Datum Distanz Hellegkeet
25. Juli 2015 1,943 AE 7,5M 16. September 2015 3. Mäerz 2016 1. September 2016
20. Oktober 2016 1,908 AE 7,4M 15. Dezember 2016 5. Juni 2017 21. Dezember 2017
Raumsond Dawn an der Haaptasteroidenceinture tëscht Vesta (l.) an Ceres (r.)

Dawn-Missioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'NASA-Raumsond Dawn hat de Ceres de 6. Mäerz 2015 erreecht[9].[10]. D'Primärmissioun bestoung an der Kartographéierung vun der Uewerfläch aus engem héijen Ceres-Orbit a war am Juli 2015 föerdeg. Vu Juli bis Dezember 2015 hat sech d'Sond Dawn an der Sekundärmissioun an ettleche Schrëtt spiralfërmeg bis op 380 km erugemaach; dat eng Opléisung vu 40 Meter pro Bildpunkt erméiglecht huet. D'Sekundärmissioun soll och zu der detailléierter Erfaassung vun der Buedemchemie déngen a sollt Enn Juni 2016 ofgeschloss sinn[11]. D'NASA huet Ufank Juli 2016 d'Finanzéierung vun der Uschlossmissioun fir fortgesaten Observatioun akzeptéiert. Et wënscht ee sech dofir weider Informatiounen iwwer den Opbau an d'Entwécklung vum Ceres. Den Ceres kënnt am Ament sengem Perihel entgéint an et versprécht ee sech nei Kenntnesser an Entdeckungen duerch Laangzäitobservatioun[12]. De Rescht vun der Hydrazinreserv geet viraussiichtlech net iwwer d'Joer 2017 eraus[11].

Eng international Fuerschergrupp vum italieeneschen Institut fir Astrophysik INAF hat am Februar 2017 bekannt ginn, datt si mat Hëllef vun der Raumsond Dawn aliphatesch organesch Kuelestoffverbindungen um Ceres fonnt hunn[13].

Ceres-Rotatioun
46.000 km Distanz
19. Februar 2015
Zylinderprojektioun vun der Ceres-Uewerfläch
46.000 km Distanz
19. Februar 2015
Ceres-Hallefphas
40.000 km Distanz
25. Februar 2015
Hell Flecke
4.400 km Distanz
6. Juni 2015
Déi éischt 10 Asteroide profiléiert géintiwwer dem Äerdmound. Den Ceres ass deen éischte vu lénks.

Portal Astronomie

Commons: Ceres – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. JPL/NASA (2015-04-22). "What is a Dwarf Planet?". Jet Propulsion Laboratory. Retrieved 2022-01-19.
  2. P. Brosche: Die Wiederauffindung der Ceres im Jahre 1801, in Acta Historica Astronomiae, Vol. 14, Seiten 80–88 (2002) [1]
  3. IAU: IAU 2006 General Assembly: Result of the IAU Resolution votes
  4. IAU de véierten Zwergplanéit heescht Makemake
  5. J. W. Parker, P. C. Thomas, E. F. Young, M. R. Sykes, L. A. McFadden, C. T. Russell, S. A. Stern: Ceres Observations with HST: First Results in American Astronomical Society, DPS meeting #36, #28.01 (11/2004) [2]
  6. J. W. Parker, S. A. Stern, P. C. Thomas, M. C. Festou, W. J. Merline, E. F. Young, R. P. Binzel, L. A. Lebofsky: Analysis of the First Disk-resolved Images of Ceres from Ultraviolet Observations with the Hubble Space Telescope in The Astronomical Journal, Vol. 123, Issue 1, Seiten 549–557 (01/2002)
  7. J.-Y. Li, L. A. McFadden, J. W. Parker, E. F. Young, P. C. Thomas, C. T. Russell, S. A. Stern, M. V. Sykes: HST Photometry and Surface Mapping of Asteroid 1 Ceres in 36th Annual Lunar and Planetary Science Conference, Abstract No.1345 (03/2005) [3]
  8. T. B. McCord, C. Sotin: Ceres: Evolution and current state in Journal of Geophysical Research, Vol. 110, Issue E5 (5/2005)
  9. DLR-Portal: Dawn – Mission zu Vesta und Ceres. Op: dlr.de ; gekuckt den 12. September 2015.
  10. DLR: Im Bann der eisigen Ceres. Op: dlr.de vum 6. Mäerz 2015; gekuckt den 12. September 2015.
  11. 11,0 11,1 Archive copy Archivéiert de(n) 2016-11-18. Gekuckt de(n) 2017-04-03.
  12. NASA's New Horizons probe to visit mysterious object in outer solar system Artikel vun der Rachel Feltman in der Washington Post 5. Juli 2016, gekuckt den 8. Juli 2016.
  13. Organische Verbindungen auf „Ceres“, auf n-tv.de vom 16. Februar 2017; gekuckt de 16. Februar 2017