Op den Inhalt sprangen

Kulturgeographie

Vu Wikipedia

D'Kulturgeographie ass een Deelgebitt vun der Anthropogeographie a befaasst sech mat de raimleche Konsequenze vun der Kultur a studéiert d'mënschlech Verhalensweisen an Iddien (Sproochen, Traditiounen, Glawen, Ernierungsweisen, Goûten, ...).

Dës Wëssenschaft geet dovun aus, datt de Mënschen hir Organisatioun a Beweegung am Raum net nëmmen duerch reng rational Grënn („Wat ass méi bëlleg? Wat ass méi no? Wat ass méi séier? ...“) z'erklären ass, mä och duerch irrational Aspekter, déi duerch d'Kultur, an där all Mënsch lieft, beaflosst ginn.

Wichteg Nimm vun der Kulturgeographie sinn de Carl Ortwin Sauer (mat senger Ekipp op der Berkeley-Universitéit a Kalifornien), de Friedrich Ratzel, de Paul Vidal de la Blache, de Pierre Gourou, de Paul Claval, de Joël Bonnemaison ...

Commons: Kulturgeographie – Biller, Videoen oder Audiodateien