Op den Inhalt sprangen

Short Message Service

Vu Wikipedia
E Bespill vun engem SMS-Message

SMS (Méizuel: SMSen) steet fir Short Message Service an ass eng Textnoricht, déi iwwer Handy geschéckt gëtt.

Aner Wierder dofir si Sums oder Sims. Als Verben an deem Zesummenhank hu mer eng SMS schécken, sumsen a simsen.

Déi éischt short message vum Short Message Service (SMS) gouf am Dezember 1992 vun engem Computer un e GSM am briteschen Vodafone-Netz geschéckt. Also ongeféier e Joer no der Anféierung vum GSM-Standard fir Handyen an Europa (1991).

Zënter 1997 ginn och SMS-Noriichten iwwer Internet verschéckt.

Weiderentwécklung vun der SMS existéiren ënner dem Numm Enhanced Message Service (EMS) an Multimedia Messaging Service (MMS).

Opbau vun der SMS

Eng SMS besteet aus zwéin Deeler:

Header
(engl. fir "Kapp") Am SMS-Header si verschidden Informatioune vun der SMS unginn, zum Beispill Ofsendernummer, Codéirung (7 Bit, 8 Bit, 16 Bit), Zeechensaz (zum Beispill ISO 8859-1 fir Latäinech, ISO 8859-6 fir Arabesch, etc.), Gültegkeet vun der Noriicht, Empfängernummer etc.
Body
(engl. fir "Kierper") Hien as den "Inhalt" vun der SMS, deen den Text enthält, deen iwerdroen an um Display ugewisen gëtt. Déi maximal Gréisst vun engem Body as op 1.120 Bit (= 160 Zeeche fir Text SMSen) begrenzt, mee et gëtt och d'Méiglechkeet, méi SMSen mateneen ze verbannen (concatenated SMS / EMS).

Kodéirung

Haaptartikel SMS-Kodéirung

Et ginn insgesamt drei verschidden Aarte vun SMS-Kodéierung:

7 Bit
Fir Test-SMS mat latäinesche Buschtawen a grousse griichesche Buschtawen
8 Bit
Fir Daten-SMS (binär SMS), wei z.B Handylogoen
16 Bit
Unicode (UCS2), d. h. auf BMP beschränktes UTF-16

Literatur

Däitsch Bicher

Franséisch Bicher

  • Jacques Anis, Parlez-vous texto ? Guide des nouveaux langages du réseau, éd. Le Cherche-Midi, 2001.