Op den Inhalt sprangen

Waasserpouken

Vu Wikipedia
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!
E Kand, dat d'Waasserpouken huet.

D'Waasserpouken, op Däitsch Windpocken oder Wasserpocken an op Franséisch Varicelle, ass eng duerch de Varicella-Zoster-Virus ausgeléist a per Drëpseninfektioun iwwerdroen ustiechend Krankheet. Am Däitsche gi se och Windpocken genannt, well déi responsabel Viren och iwwer e puer Meter duerch de Wand an d'Loft iwwerdroe kënne ginn. D'Waasserpouke kréien d'Kanner am fréien Alter, meeschtens ier s'an d'Schoul ginn. Bei 90 Prozent vun den Infizéierten ergëtt sech dann eng liewenslänglech Immunitéit. Eng Impfung ass méiglech.

Den Erreeger ass de Varizella-Zoster-Virus aus der Grupp vun den Herpesviren.

Bei de Waasserpouken kënnt et zu engem Hautausschlag, dee meeschtens um Kierper an am Gesiicht ufänkt an duerno dann och um Kapp an un den Äerm a Been optrëtt. Och d'Schläimhait kënne betraff sinn, virun allem am Mond, souwéi d'Geschlechtsorganer.

Si kënne sech och duerch Féiwer, Middegkeet a Mattegkeet ukënnegen.

Follgend Symptomer weisen op eng Infektioun vum Varizella-Zoster-Virus hin:

  • En Hautausschlag, dee bäisst.
  • Kleng rout Punkten, déi sech an Zäit vun e puer Stonnen zu Bleesecher entwéckelen a sech duerno no engem bis zwéin Deeg verkuuschten.
  • Et bilde sech ëmmer erëm nei Bleesecher.
  • Heiansdo entwéckelt sech Féiwer.
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Commons: Waasserpouken – Biller, Videoen oder Audiodateien